Light Mode

Op den Inhalt sprangen

Jet Propulsion Laboratory

Vu Wikipedia
JPL-Scheld
Iwwerbleck iwwer de JPL-Komplex
E Kontrollraum vum JPL

Den Jet Propulsion Laboratory (kuerz JPL) baut a steiert Satellitten a Raumsonde fir d'NASA.

De JPL geheiert zum California Institute of Technology (Caltech) vu La Canada Flintridge; enner senger Fiederfeierung goufen dei erfollegraichst Raumsondeprojete vun der NASA duerchgefouert. Fir de Kontakt zu de Sonden halen ze kennen, bedreift de JPL d'Deep Space Network. De JPL schafft ausser fir d'NASA och fir de Pentagon, den Department of Energy souwei fir weider staatlech Institutiounen. Doriwwer eraus berode si Produzente vu Science-Fiction-Filmer a -Serien (beispillsweis bei Babylon 5).

De JPL ass op enger 72 Hektar grousser Flach zu La Canada Flintridge, a Kalifornien, dei offiziell Adress ass allerdengs 4800 Oak Grove Drive, Pasadena, CA 91109. Beim JPL schaffen ongefeier 5.500 Vollzaitbeschaftegter an en ettlech dausend weider, bei Dengschtleeschtungsbetrieber. 2003 war de Budget ronn 1,4 Milliarden US-Dollar.

De JPL entstoung an den 1930er Joren, wei de Caltech-Professer Theodore von Karman zesumme mat Studenten an Assistenten ugefaangen huet, Experimenter mat Rakeitenundriffer ze maachen. Den 31. Oktober 1936 hate si hir eischt Rakeit gestart.

De von Karman hat d'US-Armei iwwerzeegt, hien z'ennerstetzen. D'Armei huet dat neit zesummegesat Team opgefuerdert, dei daitsch V2-Rakeit z'ennersichen, woubai fir d'eischt den Numm Jet Propulsion Laboratory (Jet Propulsion fir Dusenundriff) gebraucht gouf. Desen Numm krut d'Fuerschungsarichtung, fir no baussen e serieusen Androck ze hannerloossen, well deemools d'Beschaftegung mat Rakeiten als onserieus gegollt huet.

Baseierend op de Fuerschungsresultater vum JPL entstoung d'Corporal-Rakeit, dei d'Amerikaner am Koreakrich agesat hunn. Den 3. Dezember 1958 huet dei zwei Meint virdru gegrennt NASA d'JPL vum Militar iwwerholl. Am Ennerscheed zu den aneren Zentren ass de JPL kee Bestanddeel vun der NASA, ma nemmen der NASA ugegliddert. De JPL geheiert zu der Universiteit Caltech.[1]

De JPL huet sain Numm behalen, obwuel an der Zait duerno keng Fuerschungen un Dusenundriffer (Rakeiten) mei duerchgefouert goufen. Et huet sech dann zum weltwait feierenden Zentrum fir Raumsonden entweckelt. Eng grouss Konkurrenz kennt a leschter Zait der JPL duerch de Applied Physics Laboratory vun der Johns Hopkins Universeit entgeint.

Weltraumfuerschung

[anneren | Quelltext anneren]

Den 31. Januar 1958 start de JPL mat Explorer 1 den eischte Satellit vun der USA. An den 1960er start de JPL dei eischt Raumsonden op den Aerdmound am Kader vum Ranger-Programm a Missiounen op aner Planeite mam Mariner-Programm. De 14. Dezember 1962 ass Mariner 2 als eischt Raumsond a laanscht de Planeit (Venus) geflunn. 1975 gouf mat de Viking-Sonde fir d'eischt um Mars no Liewe gesicht. 1977 goufe Voyager 1 a Voyager 2 op dei baussenzeg Planeite gescheckt. Am Oktober 1998 goufe mat Deep Space 1 eng Raumsond mat Ionenundriff an aneren neien Technologie gestart.

Weider goufe vu JPL dei sougenannt JPL-Rei entweckelt. Dat si speziell Codereien, dei enner anerem an Weltraumapplikatioune fir Distanzmiessung agesat ginn an d'Synchronisatiounszaite bei Spread-Spectrum-Signaler verkierze kennen. Weiderhin gi JPL-Reie beim globale Positiounssystem (GPS) fir d'Iwwerdroe vum militaresche P/Y-Code gebraucht.

Aerdfuerschung

[anneren | Quelltext anneren]

An den 1970er hat d'JPL gewisen, datt ee mat den Instrumenter u Bord vun de Raumsonden och d'Aerd ennersiche kann, wouraus d'Seasat-Missioun entstoung.

Zu de Missioune vum JPL geheieren:

De JPL huet och Instrumenter fir aner Projete gebaut, zum Beispill d'Waitwenkelkamera vum Hubble-Weltraumteleskop.

Lescht vun den Direkteren

[anneren | Quelltext anneren]

Portal Astronomie

Commons: Jet Propulsion Laboratory - Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext anneren]
  1. | Nicholas Booth: Die Erforschung des Sonnensystems: Atemberaubende Bilder aus dem Weltall, BLV, Munchen 1996, ISBN 3-405-15022-1, S. 12