Raumsond
- Alemannisch
- Aragones
- l`rby@
- Asturianu
- Az@rbaycanca
- Belaruskaia (tarashkevitsa)
- Belaruskaia
- B'lgarski
- Bosanski
- Catala
- khwrdy
- Cestina
- Cymraeg
- Dansk
- Deutsch
- Ellenika
- English
- Esperanto
- Espanol
- Eesti
- Euskara
- frsy
- Suomi
- Francais
- Nordfriisk
- Galego
- `bryt
- hindii
- Kreyol ayisyen
- Magyar
- Hayeren
- Bahasa Indonesia
- Ido
- Islenska
- Italiano
- Ri Ben Yu
- k`art`uli
- hangugeo
- Latina
- Latviesu
- Makedonski
- Bahasa Melayu
- Plattduutsch
- Nederlands
- Norsk nynorsk
- Norsk bokmal
- Occitan
- pNjaabii
- Polski
- Portugues
- Romana
- Russkii
- Scots
- Srpskohrvatski / srpskokhrvatski
- Simple English
- Slovencina
- Slovenscina
- Shqip
- Srpski / srpski
- Svenska
- Kiswahili
- tmilll
- aithy
- Tagalog
- Turkce
- Ukrayins'ka
- Veneto
- Tieng Viet
- Wu Yu
- Yue Yu
- Zhong Wen
Eng Raumsond ass en onbemannte Fluchkierper, dee fir Fuerschungszwecker an de Weltraum gescheckt gett. Am Geigesaz zu engem (Aerd-)Satellit verleisst si d'Emlafbunn (Orbit) vun der Aerd a flitt e wait Zil am Weltraum un, fir dest z'ennersichen (z. B. Mars, Asteroiden, Komeiten, Jupitermounden).
Weinst der dacks jorelaanger Dauer vu Raumsondemissioune ginn an dei technesch Ariichtunge vu Raumsonden hechst Ufuerderunge gestallt. D'Komponente vu Raumsonde ginn opwenneg getest an an engem stebsfraie Raum zesummegebaut, wat och dei heich Kaschte vu Raumsonde mat sech brengt. E grousse Problem bei Raumsonde geintiwwer vu Satellitten, dei ronderem d'Aerd kreesen, ass dee groussen Aerdofstand, dee laang Lafzaite fir dei vun der Buedemstatioun fortgescheckt Steiersignaler bewierkt. Aus desem Grond musse Raumsonde Systemer hunn, dei si deelweis onofhangeg vu Buedemstatioune maachen.
Fir Raumsondemissioune muss den Aschosswenkel mat enger Genauegkeet vun enner 1 Bousekonn festgeluecht ginn. D'Navigatioun vu Raumsonde muss mat hechster Genauegkeet gescheien. Si geschitt mat Hellef vum Dopplereffekt an de Signallafzaiten. Op des Aart a Weis gett hir Positioun mat enger Genauegkeet vun enner engem Meter - onofhangeg vun hirer Distanz zu der Aerd - ermettelt.
D'Energieversuergung fir Raumsonden dei op den Aerdmound an op dei bannenzeg Planeite Merkur bis Mars fleien, geschitt meeschtens mat Solarzellen, dei iwwer en Akkumulator gepuffert sinn, . Fir Raumsonde mat kuerzer Liewensdauer ginn dacks och nemmen Akkumulatore gebraucht.
Raumsonden dei bei baussenzeg Planeite fleien, brauche fir d'Stroumversuergung emmer Isotopebatterien, well wat se mei weit vun der Sonn ewech sinn, wat d'Solarzelleflachen emmer manner produzeieren.
Jee no Aufgaben ennerdeelt ee Raumsonden an:
- Passeierfluchsonden - Sonden, dei en Himmelskierper passeieren an dobai hir Miessungen oder Fotoe maachen,
- Orbiter - Sonden, dei eng Emlafbunnn em een Himmelskierper aschloen,
- Lander - Sonden, dei op engem Himmelskierper landen. Hei ass eng weider Ennerdeelung sennvoll:
- Hydrobot - eng Sond, dei selbststanneg d'Deifte vun onbekannte Gewasser erfuersche kann,
- Kryobot - eng Sond, dei sech duerch d'Ais schmelzt fir dest an dei Deeler dei dorenner leien z'erfuerschen,
- Penetrator - eng Raumsond, dei sech bei enger ongebremster Landung bis zu e puer Meter an deen Himmelskierper, deen z'ennersichen ass, erabuert,
- Rover - e mobilt Landeinstrument, mat deem grouss Regiounen erfuerscht kenne ginn,
- Proufzereckfeierung (engl. Sample Return) - Sonden, dei Prouwe vun engem Himmelskierper oder Partikelen, dei am Weltraum agesammelt goufen, mat zereck op d'Aerd brengen.
Kuckt och
[anneren | Quelltext anneren]Um Spaweck
[anneren | Quelltext anneren]| Commons: Space probes - Biller, Videoen oder Audiodateien |