Tarmac
| Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Stroossebelag Tarmac. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Tarmac (Homonymie). |
Tarmac, (Ofkierzung aus dem Englesche fir tarmacadam, oder tar-penetration macadam) ass eng Zort Stroossebelag deen aus Godrong a rengem Steesplitter besteet. Tarmac bezitt sech op e Patent dat den Englanner Edgar Purnell Hooley 1901 registreiere gelooss huet.
Fir den Tarmac opzedroen, muss den Ennerbau vun enger Strooss oder Wee, glaichmeisseg, am beschte mat engem Greider ofgezu ginn. Op den Ennerbau kennt dann eng sougenannt Botzcouche aus rengem Splitter (meeschtens 10/25) dei gewalzt gett. Op dei Couche gett da waarme Godrong gespretzt. Freier gouf dat op der Hand mat Strenze gemaach, duerno goufen d'Godrongs-Camionen dofir entweckelt dei dei waarm a pecheg Mass seier groussflacheg verdeele kennen. Op dei Godrongsschicht gett da Splitter glaichmeisseg verdeelt, an ugewalzt. Dei Prozedur gett dann nach eng Keier widderholl.
Den Tarmac war vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis an 1950er Joren dei meescht gebraucht Befestegung fir Stroossen. Duerno koum anert Material wei Bitumen, armeierte Betong, an Asphaltbetong, besonnesch op vill befuerene Stroossen, an den Asaz.
Op Stroossen dei net vill befuer ginn, ass den Tarmac e relatiivt praiswaert Material. En huet allerdengs den Nodeel datt e bei heijen Temperature mell gett, an de Godrong no uewen duerchdreckt, wann deen Ament vill Trafick ass. Da gett de Belag pecheg a praktesch onbefuerbar, a muss sou seier wei meiglech nees fresch mat Splitter ofgedeckt ginn.