Lunar Orbiter 3
| Lunar Orbiter 3 | |
|---|---|
| Typ | Moundsond |
| Land | USA |
| Agentur | NASA |
| Missiounszil | Virbereedung fir bemannt Moundlandungen |
| Start | 5. Februar 1967, 01:17 UTC |
| Startplaz | Cape Canaveral LC-13 |
| Startmass | 385,6 kg |
| Drorakeit | Atlas-Agena D |
| Enn vun der Missioun | Moundopschlag 9. Oktober 1967 |
De Lunar Orbiter 3 war dei drett vu fennef Moundsonde vum Lunar-Orbiter-Programm vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar Orbiter-Programm sollt den Aerdmound fotografesch erfaasst a kartographeiert ginn, fir sou Landeplaze fir d'Moundsonde vum Surveyor-Programm wei och fir dei bemannt Moundlandung ze fannen.
Missioun
[anneren | Quelltext anneren]De Lunar Orbiter 3 war de 5. Februar 1967 gestart an hat de Mound den 8. August erreecht. Um 21:54 UTC war d'Sond an eng Emlafbunn tescht 210 an 1802 km Heicht bei enger Bunnschrei vun 20,9deg ageschwenkt. D'Emlafdauer war 3 Stonnen a 25 Minutten.
No veier Deeg gouf d'Emlafbunn mei niddreg gemaach. D'Bunnheicht war dunn nemme mei 55 an 1847 km heich. Vum 15. Februar bis den 23. Februar goufe Fotoen opgeholl. Den 2. Maerz 1967 goufen d'Fotoen nogekuckt an op d'Aerd gefunkt. De 4. Maerz 1967 hat dann e Motor am Transportmechanissem vun der Kamera gebrannt, wouduerch 25 % vun de Biller zersteiert goufen. Am Ganzen hat d'Missioun 149 Biller vu mettlerer Opleisung a 477 Biller mat heijer Opleisung iwwerdroen, dorenner och d'Landeplaz vun der Surveyor 1. Den 9. Oktober 1967 gouf de Lunar Orbiter 3 geziilt zum Ofstuerz bruecht a war bei 14,3degN, 97,7degW um Aerdmound opgeschloen.
Kuckt och
[anneren | Quelltext anneren]Um Spaweck
[anneren | Quelltext anneren]| Commons: Lunar Orbiter Programm - Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: Lunar Orbiter 3
- Bernd Leitenberger: Lunar Orbiter
- (en) Encyclopedia Astronautica: Lunar Orbiter