Dark Mode

Op den Inhalt sprangen

Daniel Craig

Vu Wikipedia
Daniel Craig
Gebuertsnumm Daniel Wroughton Craig
Gebuer 2. Maerz 1968
Chester
Nationaliteit Vereenegt Kinnekraich, USA
Educatioun Guildhall School of Music and Drama
Aktiviteit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Synchronspriecher, Mannequin, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Fiona Loudon (1992-1994),
Rachel Weisz (22.6.2011-)
Liewenspartner(in) Heike Makatsch (1996-2004)
Papp Timothy Wroughton Craig
Mamm Carol Olivia Williams

Den Daniel Craig, gebuer den 2. Maerz 1968 zu Chester an England, ass en brittesche Schauspiller, dee virun allem zanter 2005 fir seng Roll als James Bond an de Filmer mam selwechten Numm bekannt ass.

Dem Daniel Wroughton Craig sai Papp, den Tim Craig war en Aarbechter an der brittescher Handelsmarinn an duerno Besetzer vum Ring O Bells Cafe. Seng Mamm, d'Carol Olivia Craig war eng Zeecheprofessesch. 1972 hu seng Eltere sech gescheet a vun do u gouf den Daniel Craig vu senger eelerer Schwester, Lea, zu Liverpool an duerno zu Hoylake groussgezunn. Den eischten James-Bond-Film, deen hie jee gesinn huet, war "Live and Let Die" mam Roger Moore an huet hie faszineiert.

Den Daniel Craig, hat sai Filmdebut an "The Power of One" 1992. Seng Carriere ass weidergaange mat der Teleesserie "Our Friends in the North" 1996. Hien ass international bekannt ginn nodeem hien Niewerollen am "Lara Croft: Tomb Raider" 2001 an "Road to Perdition" 2002 gespillt huet. Hie gouf nomineiert fir seng Performancen an der Haaptroll vu "Layer Cake" a krut och nach aner Praisser an Nomineierungen.

Am Oktober 2005 gouf den Daniel Craig de sechsten James Bond Duersteller an huet d'Roll bis 2021 gespillt.

Filmographie (Auswiel)

[anneren | Quelltext anneren]
Commons: Daniel Craig - Biller, Videoen oder Audiodateien