Chess960
- l`rby@
- Az@rbaycanca
- Belaruskaia (tarashkevitsa)
- B'lgarski
- Bosanski
- Catala
- Cestina
- Dansk
- Deutsch
- Ellenika
- English
- Espanol
- frsy
- Francais
- hangugeo
- Hayeren
- Ido
- Bahasa Indonesia
- Italiano
- `bryt
- Lietuviu
- Lingua Franca Nova
- Magyar
- Nederlands
- Ri Ben Yu
- Norsk bokmal
- O`zbekcha / uzbekcha
- Polski
- Portugues
- Russkii
- Shqip
- Simple English
- Slovenscina
- khwrdy
- Srpski / srpski
- Suomi
- Svenska
- Turkce
- Ukrayins'ka
- rdw
- Tieng Viet
- Zhong Wen
Chess960, ursprenglech och Fischer Random Chess, ass eng vum Schachgroussmeeschter Bobby Fischer entweckelt Schachvariant mat 960 meiglechen ennerschiddlechen Ausgangsstellungen. U sech ass et eng Verallgemengerung vum Schachspill duerch eng bal belibeg Opstellung vun de bekannte Schachfiguren op der Grondrei vu jiddwer Partei.
D'Reegele fir Chess960 goufen 2009 vum Weltschachbond FIDE als Bestanddeel vun de Schachreegelen an hiert Reegelwierk opgeholl.[1]
Reegelen
[anneren | Quelltext anneren]Bis op dei eventuell ennerschiddlech Ausgangsstellung an dei verallgemengert Rochadereegelen, sinn d'Reegele vun Chess960 dei selwecht wei beim normale Schach.
Ausgangsstellungen
[anneren | Quelltext anneren]Virun enger Chess960-Partie gett eng zoufalleg Ausgansstellung gewielt. Allerdengs muss d'Ausgangsstellung dei follgend Krittaren erfellen: Dei waiss Bauere stinn all op der zweeter an dei aner waiss Figuren op der eischter Rei. Ausserdeem muss de waisse Kinnek tescht den zwee Tierm stoen an d'Felder, op deenen dei zwee Leefer stinn, daerfen net dei selwecht Faarf hunn. Dei schwaarz Figure gi spigelsymmetresch zu deene waissen opgestallt (steet z. B. de waisse Kinnek op f1, da gett de schwaarze Kinnek op f8 gestallt etc.).
D'Zuel vun Ausgangsstellunge kann ee berechnen: Well dei zwee Leefer op Felder mat verschiddene Faarwe stoe mussen, gett et fir de schwaarzfeldregen an de waissfeldrege Leefer jeeweils 4 meiglech Felder. Fir d'Damm bleiwen dann nach 6 Felder iwwreg a fir dei zwee Sprenger nach 5 respektiv 4. Fir dei zwee Tierm an de Kinnek gett et da just nach eng meiglech Placeierung, well de Kinnek tescht den Tierm stoe muss. Domat kennt een op meiglech verschidden Ausgansstellungen, woubai mer duerch 2 deelen, well dei zwee Sprenger onennerscheedbar sinn a mer soss all Stellung zweemol zielen (mat vertoschene Sprenger). Dohier kennt och den Numm ,,Chess960" .
D'Rochade
[anneren | Quelltext anneren]D'Rochade funktioneiert beim Chess960 e bessen anescht wei beim normale Schach, well d'Placeierung vun den Tierm an dem Kinnek eng aner ka sinn. Beim Chess960 gett et zwou Rochaden:
- D'c-Rochade, mat dem Tuerm, dee mei no bei der a-Linn steet: De Kinnek kennt op d'c-Linn an den Tuerm op d'd-Linn.
- D'g-Rochade, mat dem Tuerm, dee mei no bei der h-Linn steet: De Kinnek kennt op d'g-Linn an den Tuerm op d'f-Linn.
Dobai muss ee berecksiichtegen, datt keng Figuren iwwersprongen daerfe ginn. Konkreet: Wann ee sech de bedeelegten Tuerm an de Kinnek ewech denkt, daerfen tescht an op dem Ausgangs- an dem Zilfeld vum Tuerm bzw. dem Kinnek keng Figure stoen. Ausserdeem daerfen, wei beim normale Schach, de bedeelegten Tuerm an de Kinnek nach net gereckelt gi sinn; dobai muss ee preziseieren, datt een Tuerm oder ee Kinnek als gereckelt gellt, soubal en un enger Rochade bedeelegt war.[2] Zu gudder Lescht daerfen d'Ausgangs- an d'Zilfeld vum Kinnek souwei all d'Felder derteschent net ugegraff sinn.
Kuckt och
[anneren | Quelltext anneren]Um Spaweck
[anneren | Quelltext anneren]| Commons: Chess960 - Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext anneren]- | Laws of Chess taking effect from 1 January 2023, Guidelines II. Chess960 Rules (opgeruff den 2.2.2023). Eeler Versioune vum ,,FIDE Handbook" fennt een och op dar Sait.
- | Et kann namlech jee no Ausgangsstellung virkommen, datt de Kinnek oder den Tuerm no enger Rochade op deem selwechte Feld steet wei virdrun. Z. B. bei Ta1, Kc1 an der Ausgangsstellung hu mer no der c-Rochade Td1 an Kc1.