< Back | Wikipedia | Home | Dark Mode


Meteoroid


Meteoroiden (och Meteoriden, net Meteoritten; kuckt ennen) si kleng Objete vum Sonnesystem op enger Emlafbunn em d'Sonn, vun deene verschiddener d'Aerdbunn kraizen. Hir Greisst geet vu Brochdeeler vun engem Millimeter (Mikrometeoroiden) bis zu en ettlech Meter. Domat si se mei kleng wei een Asteroid, woubai et awer weeder vun der Greisst nach vun hirer Zesummesetzung ofhankt fir eng eendaiteg Grenz tescht beiden Objetaarten ze zeien. Zesumme mat den Asteroiden an de Komeiten zielen d'Meteoroiden zu der Himmelskierperklass vun de Klengkierper.

Meteoroide si vun ennerscheedlecher Hierkonft. Si kennen duerch d'Gravitatioun vun de Planeiten aus der Haaptasteroidenceinture erausgeschleidert gi sinn, awer och Deeler vu Komeite sinn, dei des Stecker op hirer Bunn verleieren.

Wa Meteoroiden an d'Atmosphar falen, entsteet duerch d'Reiwung mat der Loft eng Liichterschainung, dei Meteor genannt gett (kleng Meteore ginn och Stareschnaize genannt, grouss Meteore Feierball oder Bolide). De Rescht, den op der Aerduewerflach leie bleift, nenne mer Meteorit.

Portal Astronomie

Commons: Meteoroiden - Biller, Videoen oder Audiodateien
Sichen Inhaltsverzeechnes wiesselen Meteoroid 97 Sproochen Sujet derbaisetzen

Source: lb.wikipedia.org